Maintenance vu Betribssystemer a Programmer, och mat Remote Support


Vulpes mécht Maintenance op Betribssystemer a Programmer fir Privat als och fir Firmebenotzung. Dës sinn Prüfung op de Betribssystem an d'Programmer korrekt lafen a keng Feelermeldunge kommen. Vulpes kann och Backups nopréiwen ob dës korrekt agestallt sinn an och korrekt lafen. Bei engem Problem geet Vulpes der Ursaach vun der Feelermeldung no a probéiert, dës ze léisen, anstatt de Programm oder d'Betribssystem nei ze installéieren. Duerch jorelaanger Erfarung huet Vulpes vill Tricken op Lager.
Vulpes kann eng Basisanalys vun enger Bluescreen Feelermeldung maache fir de Grond erauszefannen, an ze léisen.

Vulpes kann och Sécherheetsupdate a Patches vu Programmer a Betribssystemer installéieren. Sollt e Problem opdauche, leet Vulpes di néideg Schrëtt an a probéiert de Problem ze léisen.

Vulpes kann och Recommandatioune fir eng komplett Harddisk Verschlësselung op Workstations a Server op Basis vu clientspezifesch Situatioun ubidden. Dës Recommandatiounen hunn och Schrëtt fir eng sécher Späicherung vun de Recovery Keys op eng sécher Plaz. Vulpes benotzt d'BitLocker Technologie.

Fir dem Client schnell an einfach ze hëllefe bitt Vulpes e Remote Support Programm un. De Programm "Software Deployment and Control" as selwer Entwéckelt a ka je no Bedarf ugepasst ginn. De Programm ass selwer fäeg sech selwer ze updaten, Status Informatiounen ze rapportéieren, méiglech Problemer aus dem Event Log an Hardware Status Informatioune, wéi Harddisks mat méiglech Problemer oder kuerz virun Ausfall. Op Ufro ka Vulpes och BitLocker Recovery Passwierder iwwerdroen ze loossen, als zousätzlech Sécherheet. De Programm kann och bekannt Programmer verdeelen an dieren Updates. Vulpes kann och de Programm benotze fir anert Gerät am Netzwierk ugeschloss wéi z.B. Routers, Firewalls oder Netzwierkdrocker ze geréieren. Dobäi benotzt Vulpes een vum Programm geréierte Computer als Netzwierk Gateway fir mam Gerät ze kommunizéieren. De Programm gëtt och als Screen Sharing an als Daten Transfer.

Vulpes verséchert dass de Programm "Software Deployment and Control" d'Dateschutzgesetz respektéiert an nëmmen de "Status" Informatioune gesammelt gëtt. Privat Daten, wéi allgemeng Daten, Biller, Musek, E-Mails ginn net iwwerdroen. Remote Support Verbindunge gi nëmmen an Averständnes vum Client gemeet.

De Programm "Software Deployment and Control" ass och als Open Source op GitHub verfügbar.

Vulpes bitt och neiinstallatioune vum Betribssystem un. Dat ass nëtzlech fir eng "End of life" Versioun vu Windows ze ersetzen, falls en Upgrade net méiglech ass. D'Sprooch vun de Programmer a Betribssystem kann e fräi wielen.

Vulpes ënnerstëtzt all Windows Systemer, wéi Windows 10 a Windows 11 als och déi op Windows baséiert Server Systemer wéi Windows 2016, Windows 2019 a Windows 2022.
Speziell Systemer wie Windows Enterprise (CBB, LTSB, LTSC) a Windows 10 IoT (LTSC) ginn och ënnerstëtzt. Windows 10 LTSC ass e long term support version vu Windows wat vu Microsoft fir 10 Joer ënnerstëtzt gëtt a kritt nëmme Sécherheetsupdates a Feelerléisungen. Dat ass praktesch fir POS an Embedded Geräter, well et wéineg Problemer mat der Kompatibilitéit vu Drëttprogrammer gëtt. Vulpes verkeeft Windows 10 IoT (LTSC) nëmmen zesumme mat POS Geräter an Embedded Geräter.

Vulpes bitt och de Service un fir Desktop Programmer. Verschidde Beispiller sinn Microsoft Office, LibreOffice, Firefox a Chrome. Vulpes bitt och de Service un fir Server Programmer, wéi an Installatioun a Maintenance vu Netzwierker a Server Programmer beschriwwen.

An unhandled error has occurred. Reset & Reload Close