MiniNT


De MiniNT ass e klengen Tool, baséierend op Windows PE, wat erméiglecht, Windows baséiert Computeren ze flécken, oder nei ze installéieren. Dës kënne Windows Home Versioune sinn, oder souguer Server Versioune.

Dat sinn d'Funktioune vum Programm:


  • Kleng a kompakt
  • Well e kleng ass, ass en och schnell gelueden a passt och ouni Problemer op en USB Stick.
  • 2 Versioune
  • De MiniNT gëtt et an 2 Versioune, 32 Bit fir eeler Computer an 64 Bit.
  • Netzwierkfäeg
  • De MiniNT kann iwwert PXE gestart ginn, keen USB Stick néideg.
  • GUI
  • Fir verschidde Saachen ass eng kleng GUI derbäi.
  • Filesharing client
  • E komplette Filesharing Client ass am MiniNT dran, Installatiounsdaten kënnen ouni Problemer iwwer Netzwierk iwwerdroe ginn.
  • Bitlocker Ënnerstëtzung
  • De komplette Bitlocker gëtt ënnerstëtzt, esou kann een och verschlësselt Windows Installatioune flécken.
  • WOW64/32
  • Am 64-Bit MiniNT ass en WOW32 System dran, dat heescht, et kann een och 32 Bit Programmer starten.
  • WIM Tools
  • Einfach Tools matt GUI, fir WIM Daten ze geréieren (erstellen & installéieren)
  • Open Source
  • Grouss Deeler vum Programm sinn Open Source, dir kënnt nokucken, wéi de Programm funktionéiert.

Präisser:


Dëse Programm ass Gratis.

Sproochen:

De MiniNT gëtt et nëmmen an englescher Sprooch.

Fir den MiniNT ze benotzen, si Computerkenntnisser néideg.


Download

An unhandled error has occurred. Reset & Reload Close