Maintenance a Reparature vu Computere, Laptop a Serveren
Vulpes huet d'Kompetenze fir Computer, Laptop a Server ze flécken. Vulpes ka méiglecherweis och Ersatzdeeler kréien ouni d'Gerät musse bei den Hiersteller ze schécken. Je no Situatioun kënnt der mam Computer nach weiderschaffe bis d'Ersatzdeeler ukomm sinn.
Vulpes ka probéieren Date vu Medien ze restauréieren esoulaang de Medium keen Defekt huet. Sollt et en Defekt hunn, ka Vulpes de Service ubidden dat un eng spezialiséiert Firma weider ze schécken.
Vulpes kann och verschidden Hardware Upgrades maachen, wéi zum Beispill:

- en Harddisk duerch eng SSD ze ersetzen, wat de Computer däitlech méi schnell geet. Optional kënnen d'Daten 1:1 op di nei SSD kopéiert ginn, mam Betribssystem
- Méi RAMen an e System abauen
- Zousätzlech Harddisks an e Computer abauen, wann de Computer dat erlaabt
- Zousätzlech Grafikskaart an e Computer abauen oder austauschen, wann de Computer dat erlaabt
Upgrademéiglechkeete sinn ofhängeg vum existéierend Equipement.
Vulpes kann och Servicer ubidden ob verschidden Hardware, wei zum Beispill:- BIOS a Firmware upgrades fir Feeler a Sécherheetsproblemer ze léisen
- Nokucken ob den IPMI korrekt agestallt ass, Sécherheetsproblemer, korrekt Passwierder gesat, SSL Zertifikater gesat, korrekt mam Internet konfiguréiert