1. Generell Informatiounen
Dës Konditioune gëllen tëschent dem Benotzer, der physescher Persoun, enger Firma oder dem Client (nofolgend als Client oder Benotzer bezeechent) a Vulpes Sàrl (nofolgend als Vulpes bezeechent). D'Konditioune kënnen ouni Ukënnegung geännert ginn, Irrtëmer kënnen och geschéien. D'Firma ass zu Lëtzebuerg, an et gëllen di lëtzebuergesch Gesetzer. D'Gericht ass zu Esch Uelzecht oder zu Lëtzebuerg. Sollten eenzel Deeler an dësem Dokument duerch d'Gesetz oder aner gesetzlech Veruerdnungen ongülteg ginn, behalen di aner Deeler weiderhin hir Gültegkeet. Gesetzlech Bestëmmunge gëlle bei den deels oder komplett ongülteg Deeler an dësem Dokument.
2. Terminologien
Beim Term "Computer" ass gemengt, eng Installatioun vun engem System, ausser den Term "Computer" gëtt op engem Kontrakt explizitt anescht erwäänt. Leeft z.B. op engem Serversystem e Hypervisor, an 5 zousätzlech Systemer dorënner (Guests), esou kann dat als 6 Computere betruecht ginn (den Hypervisor inklusiv).
Eng "UCID" (Unique Computer ID) ass en Hash aus 32 hexadezimal Zifferen, déi aus der Seriennummer vum Mainboard an dem Prozessor gerechent gëtt.
En "User" ass e physikalesche Benotzer, dee mat engem Programm schafft.
3. Websäiten
Dës Websäit an och de Foxy BMS Cloud setzt Cookies. Dës Cookies sinn néideg fir d'korrekt Funktionéiere vun alle Servicer op der Websäit. Gespäichert gëtt eng Session ID. Dës Websäit benotzt och de Local Storage vum Webbrowser. Gespäichert gëtt eng Kennung dass Der mat der Informatioun vun de Cookies averstane sidd an är ausgewielte Sprooch op der Websäit.
IP Adresse gi vun der Firewall fir 365 Deeg gespäichert, dës déngt nëmmen zu Recherche Zwecker, wann et zu illegalen Aktivitéite kënnt. Sollt et zu Recherche kommen, da kënnen di Date méi laang gespäichert bleiwen, bis d'Recherche ofgeschloss ass. Um Webserver selwer gi keng Date gespäichert.
4. Vulpes Servicer
Vulpes bitt de Client Servicer un, déi Verkaf & Reparature vu Computere betrëfft. Vulpes ass en onofhängege Betrib mat engem Meeschterbréif (an der Kommunikatiounselektronik an Informatik) an ass u keng Marken oder Änleches gebonnen. Verkaf ginn divers Marke vu Computere, Software a Betribssystemer, Stécker fir Computere, Handys, Laptops an Tablets, an Änleches. Computere kënnen och op individuellem Wonsch zesumme gestallt ginn.
Zu de Reparature vu Computere sinn eege verkaafte Computeren an och aner Marken, haaptsächlech Microsoft Windows NT baséiert Systemer, supportéiert. Server Systemer ginn och supportéiert.
Vulpes bitt och de Service un, fir Home-Router a Betrib ze huelen an ze supportéieren. Verschidde professionell Geräter (z.B. Firewall, Switches, Access-Points) ginn och supportéiert.
Systemer déi Vulpes supportéiert stinn op der Websäit. Sollt e Betribssystem op ärem Computer lafen, wat Vulpes net opgelëscht huet, frot bei Vulpes no, ob et awer supportéiert gëtt, oder wat fir eng zousätzlech Käschten ufale kënnen.
Sollt beim Schaffen op engem System sech erausstellen, dass et sech ëm Raubkopie, oder anerwäerteg illegal Programmer handelt, sou hält sech Vulpes vir de Programm ze desinstalléieren oder de Service direkt ze stoppen. Déi bis dato geschaffte Stonnen, an och villäicht ufalend Käschte fir den Trajet, sinn awer ze bezuelen.
Softwarelizenzen, déi aus Auktiounshaiser kaf goufen, kënne vu Vulpes och als Raubkopie, oder inkorrekt lizenzéiert agestuuft ginn, a Vulpes kann do och de Service direkt stoppen. Déi bis dato geschaffte Stonnen, an och villäicht ufalend Käschte fir den Trajet, sinn awer ze bezuelen.
Vulpes iwwerhëlt keng Verantwortung, sollt bei enger Interventioun (z.B. duerch en Update, Reparatur oder Austausch) op engem Computer en anert Gerät net méi funktionéiert, wat um Computer drun hänkt.
Sollt e Rendez-vous vum Client aus verpasst ginn oder de Client huet ze spéit ofgesot, sou ka Vulpes di ufalend Stonnen op Rechnung setzen, an och den Trajet verrechnen, bei engem Service op der Plaz.
Bei engem Service op der Plaz gëtt ëmmer Mindestens eng hallef Stonn op Rechnung gesat.
Sollt Vulpes e Problem net léise kënnen, sou ka Vulpes awer di geschaffte Stonnen an Trajet, falls der ufalen, op Rechnung setzen. Vulpes kann op kulant nëmmen en Deel verrechnen, dës läit eleng un der Decisioun vu Vulpes.
Vulpes kann och d'Recht huelen, e lafenden Optrag ofzebriechen, ouni Bedingungen. Bis dato geschaffte Stonne kënnen awer nach op Rechnung gesat ginn.
Beim Liwwere vun engem Computer, oder aner Materialer, bitt Vulpes de Service d'Material op der Platz un ze schléissen, an a Betrib ze huelen. Kabele kënne geluecht ginn, allerdéngs gi keng Kabelen duerch eng Mauer geluecht. Och leet Vulpes keng Kabelen an Héichten, wou z.B. eng Leeder gebraucht gëtt. Sollt awer, z.B. vun enger aner Firma e Kabel leien, awer keng Dous, ka Vulpes de Service ubidden do eng Dous ze installéieren. D'Douse ginn nëmmen installéiert am Nidderspannungsberäich.
Wann e Computer komplett nei installéiert muss ginn, ka Vulpes de Service ubidden, d'Date virdrun ze kopéieren. Vulpes iwwerhëlt keng Verantwortung, sollen Daten an der Kopie feelen. Et gëtt awer probéiert, dat bescht ze maachen, fir esouvill wéi méiglech ze sécheren.
Vulpes kann och de Service ubidden, Date vun Harddisks (oder aner Späichergeräter) ze restauréieren, wou de Filesystem beschiedegt ass, dass de Betribssystem et net liese kann. Vulpes kann näischt ënnerhuele wann den Harddisk (oder aner Späichergeräter) physikalesch Schied huet. An deem Fall, ka Vulpes just den Harddisk (oder aner Späichergeräter) bei eng extern Firma schécken, déi dorobber spezialiséiert sinn.
Vulpes hält sech d'Recht, de Service bei verschidde Cliente net un ze bidden, oder net auszeféieren. An deem Fall gëtt och keng Rechnung ausgestallt. Sollt de Computer an engem, fir Vulpes, onzoumuttbaren Zoustand sinn, dass en muss propper gemaach ginn, fir weider drop ze schaffen, ka Vulpes dëse Service extra op Rechnung stellen.
4.1 Legal Ofsécherung
Vulpes ass keng Juriste Firma. Vulpes ka keng Garantie ginn, op alles Rechtlech korrekt ass. Vulpes probéiert säi bescht, fir alles esou gutt wéi et geet, korrekt ze maachen.
4.2 Exklusioune
Vulpes gëtt keng Servicer an egal wéi enger Form (z.B. Hardware Reparatur, Software Updates, Software Ënnerstëtzung) op Geräter vun der Mark Apple.
4.3 Maartsituatioun
Vulpes hält d'Recht d'Präisser vun de lafende Kontrakter un d'Situatioun unzepassen. An deem Fall gëtt einfach di nächst Rechnung ugepasst.
4.4 Kontrakter
Vulpes kann e Kontrakt selwer mat engem Delai oder ouni Delai kënnegen.
5. Rechnungen & Offeren
Rechnunge u Privatpersoune sinn direkt ze bezuelen, mat der Kaart (preferéiert) oder Boergeld an der exakter Zomm. Kaarten déi ugeholl ginn si: V-PAY, VISA (Debit a Credit), MasterCard an Maestro. Sollt Vulpes eng Ënnerschrëft brauchen, esou muss een och d'Identitéitskaart weisen, an de Numm muss mat der Kaart, déi geholl gouf fir ze bezuelen, iwwerenee stëmmen. Bei Averständnis kann d'Rechnung och iwwerwise ginn. Bei de Firme gëtt am Prinzip eng Rechnung ausgestallt, kann awer och direkt mat der Kaart bezuelt ginn. D'Rechnung muss innerhalb vu 14 Deeg bezuelt ginn. Bezuelt gëtt nëmmen an Euro (EUR, €). Bei der éischter, net bezuelte Rechnung, schéckt Vulpes den éischte Rappell. Den éischte Rappell kënnt normal mat der Post. Den zweete Rappell gëtt 14 Deeg nom éischte Rappell geschéckt. Den zweete Rappell kënnt per Recommandé, a kascht zousätzlech 20€ HTVA, 23.4€ TTC. Ab dem 2. Rappell ginn zousätzlech 2% Zënsen den Dag op den Total (TTC) verrechent. Dat leeft esou laang bis d'Rechnung komplett bezuelt gëtt. Den drëtte Rappell kënnt no 14 Deeg nom zweete Rappell, och Recommandé, a kascht och zousätzlech 20€ HTVA, 23.4€ TTC. No 14 Deeg nom drëtte Rappell, hält Vulpes dann d'Recht vir, juristesch Schrëtter anzehuelen.
Offere sinn 30 Deeg gülteg, duerno muss een eng nei Offer froen. Je no Situatioun um Maart kënnen d'Präisser neelech schwanken, wat dann och dozou féiert dass d'Rechnung neelech méi deier oder méi bëlleg ka sinn, wéi op der Offer uginn. Onerwaarten Aarbecht op engem Computer, oder Änleches kënnen nodréiglech nach op Rechnung gestallt ginn. Op den Offere kënnen och emol Iertemer entstoen.
Sollt der e Service hunn, dee reegelméisseg bezuelt muss ginn, z.B. Vulpes SDC, Foxy BMS Cloud, kann dësen iwwergangsweis gestoppt ginn, bis d'Rechnungen all ausgeglach sinn.
5.1 SEPA
Bei Rechnungen, déi reegelméisseg bezuelt musse ginn, z.B. bei engem Kontrakt, huet Vulpes d'Méiglechkeet, d'Rechnung iwwer SEPA Direct Debit direkt vun ärem Kont ofzebuchen. Vulpes kann et iwwer CORE an och B2B ofbuchen. Sollte SEPA Direct Debit ufroe méifach net funktionéiert hunn, ka Vulpes zousätzlech Käschten op Rechnung stellen.
6. Dateschutz
6.1. Vulpes muss perséinlech Date späichere kënnen. Déi Date bleiwen hei an der EU, a gin net un aner Firme weider gereecht, ausser déi hei an de Konditiounen ugi sinn. Et hunn och keng aner Firma Zougrëff op di Daten. Date ginn och intern kopéiert, als Backup.
Rechnunge ginn 10 Joer gespäichert. Si ginn eréischt nom Oflaf vum Joer geläscht. D'Iwwerweisunge ginn dann am System anonymiséiert. Offere ginn no 2 Joer geläscht, ausser si referenzéieren nach op eng Rechnung. Bonge sinn 2 Joer gülteg. Berichter vu Cliente ginn 10 Joer gehalen. Si ginn no der nämmlechter Reegel geläscht, wéi d'Rechnungen. Konte vu Client gi no 2 Joer geläscht, wa guer keng Date méi drop sinn oder nodeem di läscht Date vum Kont geläscht gi sinn.
6.2. Aner Firmen déi och Date kréien:
* Fiduciaire: Déi kréie just de Numm, Virnumm, Firmennumm, Adress an d'Wuer oder Servicer déi der bei Vulpes kaf hutt (di komplett Rechnung), Acompte a Bongen a wéini mat wat der bezuelt hutt. Dës Date gi just geholl fir d'Comptabilitéit ze maachen, an 10 Joer laang bei hinne gespäichert. Offeren oder aner Saache ginn net bei d'Fiduciaire geschéckt.
* Microsoft: Microsoft kritt Daten am Kader vum Foxy BMS Cloud, wat de Client selwer an de Service agëtt (z.B. Rechnungen, Dokumenter, …). Microsoft kritt keng Informatiounen iwwert d'Cliente vu Vulpes.
6.3. SDC "On Contract"
Bei Benotzung vum SDC, "On Contract", bleiwen di Daten um Server vu Vulpes, esoulaang de Computer nach ugemellt ass. Beim Event Log ginn Anträg geläscht, déi méi al sinn wéi 30 Deeg. Bei Kënnegung vum Kontrakt ginn di Daten zum Computer all direkt geläscht. Intern Audit Informatioune ginn 1 Joer gehalen, a gi just intern benotzt fir Facturatioun a Problembehiewung. De SDC leet och Berichter un, zu Problemer, fir dass Vulpes weess, wat mat deene Computer geschitt. Déi Informatioune ginn 1 Joer gehalen.
6.4. Lizenzen
All ausgestallte Lizenz oder Test-Lizenze fir Programmer déi Vulpes programméiert huet, bleiwe gespäichert. Gespäichert gëtt den Numm, Firma, d'E-Mail Adress, Period vun der Lizenz, lizenzéiert Optiounen an UCID.
Dës déngt dem Zweck fir engem Client eng Lizenz no ze schécken, sollt de Client d'Datei verluer hunn, an och als Schutz géint verschidden Zorte vu Bedruch.
6.5. Microsoft Azure
All Cloud Servicer, déi vu Vulpes ze Verfügung gestallt ginn, si bei Microsoft Azure gespäichert, hei an Europa. Weider Detailer vum Dateschutz an aner Informatioune kënnt der bei Microsoft selwer nokucken.
6.6. AI
De Programm Foxy BMS kann och mat enger AI vu Microsoft benotzt ginn, gëtt "Foxy AI" genannt. D'AI Funktionalitéite gi bei Microsoft bestallt a benotzt. Vulpes als och Microsoft kënnen agereechten Daten och fir Trainingszwecker benotzen. AI Systemer maachen och Feeler an der Erkennung vun Daten, dës Feeler ka Vulpes net reparéieren. Sollt den AI verschidde Formulaire falsch erkennen, kann een nofroen, fir dass Vulpes den AI no trainéieren. Dëse Service kann e Supplement kaschten. Fir weider Informatiounen, wéi Microsoft et benotzt, kennt der bei Microsoft selwer nokucken.
6.7. AI an der Programmatioun
Vulpes benotzt AI Systemer als Ergänzung beim Programméiere vun de Programmer.
6.8. Foxy BMS MCP Schnëttstell
De Foxy BMS huet eng MCP Schnëttstell, wou e Benotzer selwer en eegenen AI Programm drop verbanne kann. De Client ass selwer verantwortlech fir seng Daten an och wéi den AI Programm dat verschafft.
6.9. Windows Embedded Aktivatioun
Am Windows Embedded (och nach Windows IoT genannt), wat vu Vulpes ausgeliwwert gëtt, ass e klenge Programm, fir de Windows ze aktivéieren. De Programm iwwerdréit d'Hardware-Informatioune u Vulpes, fir kënnen ze kontrolléieren, ob de Computer berechtegt ass, aktivéiert ze ginn. De Programm gëtt just eemol no der Installatioun vu Windows Embedded ausgeféiert. D'Hardware-Informatioune bleiwen, esoulaang Vulpes de Service ubitt, dauerhaft bei Vulpes gespäichert. Mam Programm gi keng perséinlech Daten iwwerdroen.
7. Software
7.1. Generell
Vulpes lizenzéiert oder vergëtt Software aus eegener Produktioun. Vulpes ka net verantwortlech gemaach ginn, sollt di Software iergendwellech Problemer, Schied oder falsch Resultater verursaachen. Feeler kënne gemellt ginn, a Vulpes ka kucke fir de Feeler ze léisen, ass awer net verflicht.
Vulpes verkeeft, lizenzéiert oder vergëtt och Software, déi net aus eegener Produktioun kommen (3rd Party Software). Bei dëse Software gëllen d'Konditioune vun dem Hiersteller. Vulpes iwwerhëlt keng Verantwortung sollt di Software iergendwellech Problemer oder Schied verursaachen.
Kee vun de Programmer ass op kritesch Geräter (z.B. medezinesch Geräter) getest ginn.
All Zort vun Hacking, Cracking oder Disassembling vu Vulpes Software si verbueden, kënnen och juristesch Konsequenze mat sech bréngen, sollt Vulpes dat feststellen.
Keng vun de Programmer, déi Vulpes stellt dierf fir illegal Zwecker benotzt ginn. Och dierf de Programm net benotzt gi fir Drogenhandel (och de legale Cannabis), Waffenhandel, Prostitutioun oder änlech Servicer.
Programmer déi Vulpes mécht, si fir de lëtzebuergesche Marché entwéckelt, a kënne verschidde lëtzebuergesch spezifesch Elementer enthalen. E Verkaf oder Verfügungstellung ausserhalb Lëtzebuerg ass machbar, et ginn awer keng lännerspezifesch Upassunge gemaach.
7.2. Lizenzen
All Programmer gi vu Vulpes lizenzéiert, net verkaaft. Ouni Lizenz geet de Programm nach esouwäit dass een sech nach an de Management alogge kann, fir d'Nummer (UCID) auszeliesen, an nei Lizenzen ze installéieren. All Lizenzen, déi ausgestallt gi, funktionéiere mat der UCID, a sinn technesch géint Verännerungen ofgeséchert. Eng Installatioun op eng aner Maschinn geet doduercher net. Sollt eng Iwwerdroung gemaach muss ginn, muss Vulpes fir méi Informatioune kontaktéiert ginn. Vulpes hält sech d'Recht fir Supplement ze froen, oder eng Iwwerdroung net aus ze féieren. An der Lizenz ass och en Datum dran, bis wéini de Programm lafe soll.
De Prinzip vun der UCID erlaabt och eng komplett System-Neiinstallatioun ouni mussen eng nei Lizenz un ze froen.
Bei de Cloud Servicer, déi Vulpes stellt, sinn di Lizenzen all mat abegraff a mussen net nach eemol separat kaf, bezuelt oder installéiert ginn.
7.3. Software: Vulpes SDC
SDC "Software Deployment and Control", ass e Programm, dee Date vun engem Computer sammelt, déi dann op e zentrale Server geschéckt ginn, fir weider Auswäertungen ze maachen, automatesch oder manuell. De Programm gëtt esou agestallt, dass komplett Berichter gesammelt ginn an u Vulpes geschéckt. Dat sinn:
* Basis Date vum Computer, de Numm, d'Mark, Seriennummer, BIOS Datum, Editoun vum Windows.
* de kompletten Event Log (Application, Security an System), aner Event Logs kënne vum Programm nogeschéckt ginn, wann dat vu Vulpes gefrot gëtt.
* Status vun alle Späichergeräter (agebaute Geräter, CD-ROM, an och villäicht USB-Sticks oder USB-Harddisks). Vun de Späichergeräter gëtt nëmmen den Numm gefrot, wéi vill Plaz d'Gerät komplett huet, wéi vill Plaz nach fräi ass, den Typ vum Filesystem, an op d'Gerät verschlësselt ass oder net.
* All installéiert Programmer um Computer.
* Alles wat um Computer automatesch gestart gëtt.
* SMART Informatioune vun de Späichergeräter.
* Status vum Windows Update.
* Ännerungen un der Installatioun vu Programmer (bäisetzen/update/läschen)
* Konfiguratioun vun de Netzwierkkarten
* Informatioune vun de Geräter (Device Manager)
Opt-In Funktiounen: (de Client muss dat speziell ufroen, dass de Programm dat och soll maachen)
* Bei der Verschlësslung, gëtt de Bitlocker Recovery Key mat iwwerdroen
Vulpes huet och Méiglechkeet, Programmer um Computer ze starten, Netzwierkverbindungen ëmzeleeden an Dateien a béid Richtungen ze transferéieren.
Vulpes kann och Software änneren op de Computere, läschen, updaten oder bäisetzen. Och ka Vulpes bestëmmten Astellunge vum Betribssystem oder Programmer änneren. D'Updates vu zousätzleche Software sinn zousätzlech vu Vulpes kryptographesch geséchert, esou dass keen di Daten ännere kann oder eng falsch Software aspille kann. Clienten, déi e Firmenkontrakt hunn, kënnen och op Wonsch speziell Astellungen oder Packages froen. Vulpes kann dëse Service och als eemolege Supplement verrechnen.
Vulpes huet och mat dem Programm d'Méiglechkeet, de Bildschierm mat ze kucken an anzegräifen. Des gëtt awer nëmme mat der Averständnis vum Client benotzt.
Vulpes kann och en Account uleeën, mat Administratorrechter, fir kënnen onofhängeg vum Client sengem Account ze schaffen.
7.4. Software: Vulpes "Foxy BMS Cloud"
De Foxy BMS Cloud, ass eng Cloud-Léisung, wat bei Microsoft Azure gehost ass. All Client ass komplett isoléiert vuneneen, an d'Date kënne a kengster Weis iwwer kräiz zougegraff ginn. Eng Firma ka méi Instanzen ufroen, déi komplett getrennt sinn, a separat verrechent ginn. Eng Instanz dierf nëmme vun der Firma benotzt ginn, op déi se ugemellt ass, an däerf net ënner verlount ginn, oder vun aner Firme mat benotzt ginn. Ausnam ass, wann z.B. eng Fiduciaire, wat d'Firma engagéiert huet, en ageschränkte Kont zum Service kritt, fir d'Comptabilitéit ze maachen.
Eng Testversioun kann ee bei Vulpes ufroen, fir de Programm ze testen. Am Prinzip ass d'Testversioun gratis. Eng Testversioun leeft 30 Deeg. D'Date kënne bei Bedarf, mat Supplement vun der Testversioun op eng Produktiounsversioun kopéiert ginn. Eng Firma däerf nëmmen eemol eng Testversioun froen.
De Programm huet Erweiderungen, déi een och spéider bei Bedarf kann aschalte loossen. Dat ass doduerch bedéngt, well de Service ëmmer weiderentwéckelt gëtt. Eng nodréiglech Ofschaltung vun enger Erweiderung ass net méiglech. Sollt een awer wëllen eng nei Erweiderung testen, kann een awer nofroen, fir eng 5 Deeg Testversioun mat der Erweiderung ze kréien. Mindestlafzäit fir de Programm (Testperiod ass net abegraff) ass 12 Méint. Vulpes kann och enger Startup Remise ginn, op d'Konditioun dass et eng méi länger Mindestlafzäit ass. Dat kënnt op de Kontrakt stoen, ier de Programm installéiert gëtt. De Vertrag verlängert sech automatesch ëm e weidert Joer, ausser et kënnegt ee mindestens 3 Méint virum Oflaf vun der Period. Ze kënnegen ass iwwer Post, oder perséinlech bei Vulpes mat engem Rendez-vous laanscht kommen, mat der Identitéitskaart. Et kann nëmmen déi Persoun (oder eng aner berechtegt Persoun) kënnegen, déi de Service bestallt huet. Sollt en wëllen éischter kënnegen, esou ka Vulpes nach zousätzlech Käschten op Rechnung setzen. Bei der Kënnegung vum Programm kann et virkommen, dass Enn vum Mount nach eng Rechnung nokënnt.
Ausgestallte Rechnung sollen direkt bezuelt ginn. Sollt een eng Rechnung e Mount iwwerzéien, kritt een e Rappell zougeschéckt. Sollt eng Rechnung 2 Méint iwwerzéien, da ka Vulpes de Programm op Read-Only setzen. Sollt eng Rechnung 4 Méint iwwerzéien, gëtt de Programm gestoppt. No 6 Méint ginn d'Daten erofgelueden, an de Cloud System gëtt zou gemeet. Wärend de System am Read-Only leeft, gëtt weider den normalen Tarif berechent. Wärend d'Date stockéiert ginn, gëtt just den Azure Storage Präis verrechent. Fir alles erëm zeréck ze kréien, mussen all Rechnunge bezuelt ginn, inklusiv de Folgekäschten. Administrativ Käschte fir d'Daten erëm zeréck ze spille belafen sech op 600€ (HTVA). Fir de Service ze restauréieren, kann et bis zu 10 Schaffdeeg daueren, ab Kontoagang a Buchung.
Well de System bei Microsoft Azure gehostet ass, mécht Vulpes eng einfach Refacturatioun vum Azure Präis, wat fir de Server ufält fir de spezifesch Instanz, mat enger klenger Marge.
Zousätzlech falen och nach Käschten, wat d'Benotzung vum Programm ubelaangt:
* e Benotzer: e Benotzer ass eng physesch Persoun, déi aktiv mam Programm schafft. All Benotzer muss en eegene Konto hunn. E gemeinsame Konto zesumme fir e puer Persounen ze benotzen ass net erlaabt.
* e Kand: e Kand, ass e physikalesch ugemellten, aktiv Kand am Programm. Wann e Kand net méi do ass, kann et desaktivéiert ginn. An deem Fall gëtt en net méi verrechent. Kanner an der Waardelëscht ginn och net verrechent.
* en Dokter / Therapeut: ass en Dokter / Therapeut / Behandler / Kinésitherapeut, dee mam Programm schafft, an och Behandlungen duerchféiert.
* di genee Detailer, mat wéi vill wat a wéi verrechent gëtt, ass individuell an de Kontrakter ze fannen.
* De Status kann een ëmmer ofliesen am Programm, ënner Server -> Astellungen -> Lizenz Informatioune.
De Programm verbënnt sech mindestens eemol am Dag mam Server vu Vulpes, fir d'Zuelen an de Lizenzstatus ze synchroniséieren. Et gi just d'Zuelen a Benotzernimm iwwerdroen. Zousätzlech och, wann et ageschalt ass, d'Informatiounen zum Split-Billing System.
Wann e Benotzer / Dokter / Therapeut emol ugeluecht oder ageschalt gouf, kann dat fir de Recht vum lafende Mount fakturéiert ginn.
De Passwuert Reset vun de normale Konte kann de Client selwer mam "root" Kont maachen (oder en anere berechtege Kont). Sollt de Client de "root" Passwuert verluer hunn, kann een e Reset bei Vulpes schrëftlech ufroe per Post oder mat der Identitéitskaart an engem Rendez-vous bis laanscht kommen.
Vulpes ka Moduler am Programm nodréiglech ofschalten, eraushuelen, ëmbauen oder nodréiglech als Bezuelte Modul ubidden.
7.4.1. Split-Billing System
De Foxy BMS ënnerstëtzt de sougenannte Split-Billing System fir Kinéën. Dat heescht, dass individuell Kinéën aus enger gemeinsamer Praxis getrennt verrechent ka ginn. Dee Module ka vun der Persoun (oder eng aner berechtegt Persoun) ugefrot ginn, déi de Service bestallt huet. An deem Fall ass bei de Clients, déi als Kiné agedroen ass nach eng zousätzlech Optioun, wat erlaabt déi Date bei Vulpes ze iwwerdroen. D'Daten déi iwwerdroe ginn, sinn Titel, Virnumm, Familljennumm, Matricule, komplett primär Adress, di normal Telefons-Felder an E-Mail Felder, a wann et e Betrib ass, och RC an TVA Nummer.
Sollten di Daten ze spéit kommen, oder net accordéiert sinn, falen di Käschten automatesch op deen, deen de Programm bestallt huet.
Sollt ee Benotzer, wou de Split-Billing System ageschalt ass, net bezuelen, oder de SEPA geet méifach net, ka Vulpes d'Recht huelen, dee spezifesche Benotzer anzeschränken oder d'Käschten op d'Persoun ëmzeleeën, deen de Programm ugefrot huet.
7.4.2. Facturatioun vum Foxy BMS
D'Facturatioun leeft automatesch, a leeft normalerweis an der Nuecht vum 3. Dag op de 4. Dag vum Mount.
7.5. Github
Vulpes huet och verschidde Saachen op GitHub (https://go.vulpes.lu/git). All Projet huet seng Lizenzdatei (LICENSE), déi gëllt. Vulpes bitt kee Support an iergend enger Form, fir di Programmer zesummen ze kompiléieren. De Fuusselogo deen an de Programmer dran ass, dierf net fir déi Programmer weider benotzt ginn, wann den Numm oder eppes anescht geännert gëtt. Et gi kleng Ënnerscheeder tëschent der GitHub Versioun an de vu Vulpes verkaafte Programmer. (Beispill: de Vulpes Programm huet e Lizenzsystem dran, deen an der GitHub Versioun net dran ass -oder- aner Certificates, fir d'Updates ze kontrolléieren an ze installéieren.).
7.6. API
Et kann ee mat verschidde Programmer vu Vulpes iwwert eng API de Programm usteiere fir Automatisatiounszwecker. Et kann een ufroen, wéi een dat realiséiere kann, bzw. op GitHub nokucken, wéi dat geet. Vulpes ass awer net verflicht dorop Support ze ginn oder kann dat op Rechnung stellen. Beim Benotze vun der API, muss en oppassen a selwer Verantwortung droen, wa vu Vulpes en Update agespillt gëtt, dass de selwergemaache Programm nach ëmmer kompatibel bleift. Vulpes kann di API zu jidderzäit änneren, an ass net zu enger Ofwäertskompatibilitéit verflicht. Direkt Manipulatioune vun den Daten, zum Beispill Datebanke ginn net ënnerstëtzt, well d'Programmer och de Schema oder de Format update kënnen.
7.7. Backup
De Client ass selwer responsabel e Backup vun der Software an den Daten unzeleeën. Sollt e Programm vu Vulpes installéiert sinn, esou kënnen déi mat den normale Backup Tools am lafende geséchert ginn. Vulpes kann Tipps an Empfeelunge fir Backup ginn.
7.7.1. Foxy BMS Cloud
[Dës gëllt just bei Microsoft Azure Cloud gehostet Instanzen] D'Datebank gëtt all Dag gebackupt, a bleiwen 4 Woche gespäichert. De Storage huet explizit keng Backup-Funktioun, mee e Soft-Delete vun 30 Deeg dran, dat heescht, wann en Dokument geläscht gëtt, gëtt en awer fir 30 Deeg "gehalen" ier et definitiv geläscht gëtt. E Restore vun Deeler, oder komplette Saache muss ugefrot ginn, a ka separat op Rechnung gestallt ginn.
7.7.2. Komplette Backup vun der Foxy BMS Cloud
Am Foxy BMS Cloud gëtt et eng Méiglechkeet, all d'Date mat engem Klick ze kopéieren. De Programm läit beim Foxy BMS Cloud bäi. Dëst soll reegelméisseg gemeet ginn.
7.7.3. Foxy BMS Cloud a Microsoft Azure
[Dës gëllt just bei Microsoft Azure Cloud gehostet Instanzen] Och bei Microsoft kënne Verbindungen op d'Cloud ausfalen. Dat läit ausserhalb den Hänn vu Vulpes, a Vulpes kann do näischt direkt maachen. Och ka Vulpes net dofir haftbar gemeet ginn.
7.8. Windows Embedded
Vulpes ka Computere mat spezielle Windows Versiounen, genannt Windows Embedded (korrekten Numm: Windows 10 a 11 IoT Enterprise LTSC). D'Lizenze ginn direkt iwwer Vulpes verkaaft. Lizenze ginn nëmme verkaaft, wann e passende Programméieroptrag ausgehandelt gëtt, a nei, passend Computere bei Vulpes kaaft ginn. Bestoend Computere ginn nëmmen op Ausnam nodréiglech op Windows Embedded lizenzéiert.
7.8.1. Windows Embedded Images
Vulpes liwwert och op Wonsch d'Installatiounsdaten, fir eng Neiinstallatioun vum Windows, mat der vum Client gewënschten Upassungen.
7.8.2. Windows Embedded Aktivatioun
All vu Vulpes geliwwert Windows Embedded ass mat engem spezielle Programm ausgestatt, fir eng Aktivatioun vum Windows ze erméiglechen. Dëse Programm kommunizéiert vir d'éischt mat Vulpes, ob de Computer berechtegt ass, e Windows Embedded ze hunn. Fall d'Berechtegung do ass, kommunizéiert de Programm och direkt mat Microsoft, fir d'Kopie vu Windows endgülteg ze aktivéieren.
8. Haftungsausschlëss
8.1. Foxy BMS Cloud
De Client soll selwer offline Backups mam vum Service erstellen. Vulpes iwwerhëlt keng Haftung wann am Service Date geläscht oder verluer ginn duerch e Passwuert Leak oder e Virus / Trojan op engem vun de Computeren ass, wou de Client hellt fir mam Service ze schaffen. Sollt duerch e noweisbare Programméierfeeler am Foxy BMS Cloud zu Schied komm sinn, esou ka Vulpes just bis maximum dräi Méint d'Serverkäschte a Modulekäschte als Schuedenersatz bezuelen. Ass et duerch e Feeler bei Microsoft e Schued entstanen, da wäert Vulpes déi Entschiedegunge vu Microsoft och op de betraffe Cliente verdeelen.
8.1.1. Foxy BMS Cloud - Automatesch Daten
De Foxy BMS Cloud huet och automatesch synchroniséiert Daten, z.B. Präisser vun der Krankekeess oder Feierdeeg. Dës si selwer ze kontrolléieren, an am Fall vun engem Feeler, u Vulpes ze mellen. De Programm stellt di néideg Materialer ze Verfügung fir dat einfach kontrolléieren ze kënnen.
8.1.2. Responsabilitéit
De Client ass selwer responsabel, wat op de Programmer vu Vulpes geluede gëtt. Soll do eppes Illegales festgestallt ginn, hëlt Vulpes direkt Rechtlech Schrëtt dergéint, a kann d'Servicer direkt stoppen.
8.2. Reparaturservicer
Schafft Vulpes op engem Computer, esou suergt Vulpes dofir, dass der Hardware näischt geschitt, a sollt do eppes passéieren, kuckt Vulpes, fir dee Schued duerch eng nämmlecht Hardware oder änlech Hardware auszetauschen. Fir Dateverloschter, egal wéi enger Form, ka Vulpes net haftbar gemaach ginn, allerdéngs probéiert Vulpes dat bescht ze maachen, fir dass näischt geschitt. Sollt Vulpes mierken, dass et zu Problemer kéint kommen, da gitt Der virdru gewarnt, a kënnt ëmmer nach soen, fir ze stoppen. Dës Warnung ka Mëndlech oder Schrëftlech erfollegen.
Apparater, déi am Atelier un der Basis-Elektronik musse behandelt ginn (z.B. et muss mam Léitkollef drop geschafft ginn) si komplett aus der Haftungsflicht erausgeholl.
8.3. On-Prem Programmer
Programmer, déi vu Vulpes sinn, a fräi op der Websäit ze kréie sinn (z.B. MiniNT, Office Installer, ...) ginn esou ze Verfügung gestallt, "ewéi et ass" a Vulpes kann do guer net haftbar gemeet ginn.
8.3.1. Foxy BMS Cloud - On-Prem
Well de Programm op eege Server-Hardware leeft, ka Vulpes do keng Haftung iwwerhuelen. Sollten Date beschiedegt oder verluer ginn, duerch eng vereelzt Versioun um Server, esou ass Vulpes net haftbar. Sollt et duerch e noweisbare Programméierfeeler am Foxy BMS Cloud, zu engem Schued kommen, esou ka Vulpes just bis maximum dräi Méint d'Programmkäschte als Schuedenersatz bezuelen. Et muss och nogewise ginn, dass keen 3rd Party Programm (z.B. en Antivirus) Stéierunge verursaacht, oder en falsch agespillten Update. Vulpes kann och de Programm esou updaten, dass de Programm op eeler Versioune vu Server (sief Windows oder Linux) net méi starte léisst.
9. Logo an aner Materialer
De Logo vum Fuuss vu Vulpes ass Eegentum vu Vulpes selwer.
De Sound-Chime ass Eegentum vu Vulpes selwer.
De Sound tada.wav, chord.wav, chimes.wav & ding.wav am Foxy BMS Cloud, ass vu Microsoft
D'Foto vum Fuuss, déi op de Computeren als Hannergrond oder als Startbild agestallt gëtt, ass vum Paul Cecil (http://permuted.org.uk).
Et ginn och Biller, déi mat enger AI generéiert ginn.
Leschten Update: 12.10.2026