Iwwer Vulpes


Vulpes Logo
Vulpes ass eng kleng Firma vun Diddeleng, spezialiséiert op Support vu Computeren a Netzwierker. D'Stäerkt ass Computeren ze reparéieren, statt der nëmmen ze verkafen. Och huet Vulpes Software selwer geschriwwen. Spezialgebitt sinn Dateverwaltungsprogrammer, Computerverwaltungsprogrammer an Tools fir Microsoft Windows.

De Numm "Vulpes" kënnt dovun, well ech1 e Frënd si vu Fiiss, mee de Numm "Fox" schonn iwwerall benotzt gëtt, z.B. Fox Béier, 20th Century Fox, Fox News, a.s.w. De Fuuss an eng aner Sprooch ze schreiwen, ass och problematesch, well dat net jidderee versteet. Also hunn ech bei de Fachbegrëffer gekuckt, an do gesinn, dass de Fuuss "Vulpes" heescht. Dat kënnt vum Latäin. "Vulpes Vulpes" ass de Rot-Fuuss, wat mer hei als "Fuuss" bezeechen, a "Vulpes" eleng sinn d'Fiiss am allgemengen. Iwwerzeeg iech hei bei de Links: däitsche Wikipedia, englesche Wikipedia.




1 Ech = de Patron vun der Firma, Eric Nilles
An unhandled error has occurred. Reset & Reload Close